Politik

Éierung vum Jean Schiltz als Éierebuergermeeschter

Verëffentlecht den 26 September 2025
Avis (5)

Vum 01.01.1988 bis de 27.06.2025, wärend ronn 37 Joer, stoung de Jean Schiltz – dovunner 11 Joer als Conseiller communal, 19 Joer als Schäffen a 7 Joer als Buergermeeschter – am Déngscht vun der Gemeng Nidderaanwen.

Fir seng grouss Verdéngschter huet de Gemengerot him de 26. September unanime den Titel als Éierebuergermeeschter zougesprach.
Mir wënschen him vill Gléck, Gesondheet a Freed a senger politescher Pensioun!