Gemengeliewen
Éischt-Hëllefs-Cours an der Mentaler Gesondheet
Verëffentlecht den 02 February 2026
Zesumme mam Cnapa an der Ligue Santé Mentale proposéiert d'Gemeng Nidderaanwen Iech en Éischt-Hëllefs Cours an der Santé Mentale, deen dës Kéier op Franséisch gehale wäert ginn
- Formateur: Sacha Bachim, Psycholog
- Sprooch: Franséisch
- De Cours ass limitéiert op 20 Persounen a gëtt an 2 Deeg, de 16. an 23. Mäerz 2026, jeeweils vun 9 bis 16 Auer, ofgehalen.
- D'Mëttegiesse gëtt vun der Gemeng Nidderaanwen offréiert.
Umeldung per Telefon um 34 11 34-35 oder per E-Mail via roberta.dario@niederanven.lu bis de 6. Mäerz 2026.