Eis Gemeng zesumme virubréngen!
Verëffentlecht den 02 August 2025
Eis Gemeng lieft vum Engagement vu senge Biergerinnen a Bierger. Mam Prinzip vun der Biergerbedeelegung gi mir Iech d’Méiglechkeet, fir Iech aktiv an d’Gestaltung vum Gemengeliewen anzebréngen. Dofir gouf mat der neier Legislaturperiod 2023 d’Konzept vun de BiergerTeams a Gremien an d’Liewe geruff. Am Géigesatz zu de gesetzlech gereegelte Kommissiounen sinn dës Teams a Gremien méi oppen a flexibel – jidderee ka matmaachen, onofhängeg vun de Walen an de politesche Mandaten.
BiergerTeams sinn 100% benevol an et huet een d’Méiglechkeet sech och just kuerzzäiteg ze engagéieren. Et muss ee keng 18 Joer hunn an och net an der Gemeng wunnen. Mee jiddereen, deen an engem Veräin aktiv ass oder hei schafft ka sech mellen. Et gëtt keng maximal Zuel u Memberen an d’Haaptmissioun ass et, konkret Aktiounen, am Kader vun engem definéierte Budget, um Terrain ëmzesetzen.
Gremie funktionéieren änlech ewéi d’BiergerTeams, also als fräien Aarbechtsgrupp. Dës Gremie kënnen och aner Membere vun aneren Institutiounen asw. beinhalten.
D’BiergerTeams a Gremie sinn themespezifesch Gruppen, an deenen Dir d’Méiglechkeet hutt, zesumme mat den Akteure vun der Gemengeverwaltung an aneren Institutiounen aus der Gemeng, Projeten ze plangen an ëmzesetzen. Sou sinn an deene leschte Méint schonn eng jett flott Projeten ausgeschafft a realiséiert ginn! Erënnert Dir iech un de Waassertour vun eisem NaturTeam, un de Books, Crime & More vun eisem KulturTeam, d'Workshops an d'Filmnomëtteger fir eis jéngste Matbierger vun der Ekipp vun Niedz4Kidz, de Mëttesdësch fir Senioren vun der Ekipp vun Nieds4Seniors? All dës si just e puer Projeten déi an Zesummenaarbecht mat engagéierte Bierger.Innen aus eisen Teams a Gremie realiséiert goufen a mir freeën eis elo schon iwwert all déi weider Projeten an Eventer, déi nach komme wäerten.
Dir hutt Loscht Iech an Ärer Gemeng ze engagéieren an zesumme flott Iddien auszeschaffen? Da mellt Iech elo an eis BiergerTeams a Gremien. Méi Informatioune fannt Dir hei: www.niederanven.lu/lu/liewen-an-der-gemeng/biergerbedeelegung