Gemengeliewen

Biergerworkshop iwwert eng 30er-Zon an der Rue Andethana zu Hueschtert an Ueweraanwen

Verëffentlecht den 17 February 2026
Biergerinfoowend-RueAndethana

Fir de Verkéier an der Rue Andethana nohalteg ze berouegen, huet d’Gemeng Nidderaanwen eng Etüd an Optrag ginn, mam Zil d’Vitess tëschent der Rue de la Source zu Hueschtert an der Rue du Coin zu Ueweraanwen op 30 km/h ze limitéieren, verkéiersberouegend Mesuren en Place ze setzen an d’Parksituatioun ze verbesseren. Ier mat der Planung vum Projet ugefaange gëtt, luet Iech de Schäfferot, zesumme mam Bureau d’études Schroeder & Assocités, op e Biergerworkshop an, fir zesummen Iddien a Léisunge fir de Projet auszeschaffen.

De Workshop fënnt de Mëttwoch, 11. Mäerz 2026, um 18.30 Auer, am Centre polyvalent ,,A Schommesch'' statt.
Umeldung bis den 8. Mäerz 2026 iwwert eisen Online-Formulaire.