Masterplang « Am Sand » - Dialogue compétitif
Verëffentlecht den 28 November 2025
D'Gemeng Nidderaanwen informéiert hir Bierger, dass de bezuelten Dialogue compétitif fir d'Entwécklung vum Masterplang ,,Am Sand'', dee sech un d'Architekten an Urbaniste riicht, de Freiden, 28. November 2025, um Portail des marchés publics du Grand-Duché de Luxembourg verëffentlecht gëtt.
D'Zil vun dësem Concours ass d'Ausschaffe vun engem urbane Gesamtkonzept fir den Zentrum ,,Am Sand'' zu Nidderaanwen. D'Zil besteet dodran, e Projet directeur ze schafen, deen d'Qualitéit vun den ëffentleche Räim, d'Notzungsvillfalt, d'ekologesch Effizienz an d'nohalteg Mobilitéit matenee verbënnt. D'Ëmgestaltung soll a puer Etappe stattfannen a bis 2050 realiséierbar sinn, fir den Zentrum zu engem gemëschten, funktionalen a gutt strukturéierte Gebitt ze maachen.
Weider Informatioune fannt Dir ab dem definéierten Datum um Portail des marchés publics: https://pmp.b2g.etat.lu/