Verlängerung vun der Route barrée - Rue des Romains (Sennengerbierg)
Verëffentlecht den 19 February 2026
Mir informéieren, dass d’Rue des Romains um Sennengerbierg, wéinst Stroossenaarbechte fir den Trafic weiderhi gespaart bleift vum 20. Februar 2026, 17:00 Auer, bis de 27. Februar 2026, 17:00 Auer.
Wärend den Aarbechtszäite (07:00 Auer bis 17:00 Auer) sinn d’Haiser, déi direkt virum Chantier leien, net mam Auto accessibel.
D’Buslinnen 322 an 326 wäerten an dëser Zäit ëmgeleet ginn an d’Awunner si gebieden d’Arrête Senningerberg Charly’s Statioun oder Senningen Um Kiem ze notzen.
D’Schoulbuslinnen C9 an H04 wäerten net all d’Arrêten an der Rue des Romains bedéngen, dofir sinn d'Kanner gebieden d’Arrête Senningerberg Kapell oder Senningen Um Kiem ze notzen.
Beim Schoulbus N°8 gëtt den Arrêt Senningerberg Rue des Pins net bedéngt. Mir bieden d’Elteren hier Kanner op den Arrêt Senningerberg Rue des Résidences ze brénge fir den Transport an d’Schoul ze garantéieren.
Merci fir Äert Versteesdemech.