Douzelage

BeNeLux Meeting

Publié le 26 March 2024
23.03.2024_BeNeLuxMeeting-57

De Samschden, 23. Mäerz, hate mir zesumme mat eisem Douzelage Team déi grouss Freed, eis Frënn vum Douzelage Meerssen an Douzelage Houffalize op de BeNeLux Meeting bei eis an der Gemeng anzelueden.

Wärend der Konferenz um Mueren gouf iwwer aktuell Douzelage-Projeten, sou wéi den General Meeting am Abrëll zu Sherborne, geschwat an sech iwwer nei Iddien ausgetosch, fir d'BeNeLux-Relatiounen mat konkrete Projeten nach méi ze stäerken. D'Mëttegiessen am CIPA Gréngewald hu mir mat enger Visitt vum Gebai, souwéi mat enger Féierung duerch d'Cogeneratiounanlag Am Sand kombinéiert. Schliisslech gouf als kréinenden Ofschloss vum BeNeLux Meeting eise fonkelneien Douzelage Totem virum Gemengegebai ageweit.

Mir soen eise Frënn vu Meerssen an Houffalize e grousse Merci fir dee flotte Besuch.