Jugend
Summerkiosk
Verëffentlecht den 09 July 2025
Vum 15. Juli bis den 1. August an nach eng Kéier vum 26. August bis den 13. September 2025 organiséiert d’Jugendhaus Nidderaanwen hire Summerkiosk am Skatepark „Am Sand“.
Hei erwaart Iech bal all Dag eng entspaant Summeratmosphär mat flotte Spiller, kreative Workshops, leckere Snacks a Gedrénks. Et gëtt Animatioun fir Grouss a Kleng, Glacë fir jiddereen, Musek fir déi gutt Laun, Sport fir sech auszetoben, Graffiti fir déi kreativ Kënschtler – an nach Villes méi!
Auerzäiten:
- vun dënschdes bis freides vun 13 bis 19 Auer
- samschdes vun 12 bis 18 Auer
Kanner ënner 11 Joer musse vun engem Erwuessene begleet ginn.
Dokumenter fir Erofzelueden