Politik

Vereedegung vum neie Gemengerotsmember Marc Weirig

Verëffentlecht den 08 July 2025
07.07.25_Vereedegung-Marc-Weirig-17

No der Demissioun vum Jean Schiltz op den 30. Juni 2025, gouf de Marc Weirig gëschter, de 7. Juli 2025, als neie Member vum Gemengerot vum Buergermeeschter Fréd Ternes vereedegt. Mir felicitéieren dem Marc a wënschen him eng glécklech Hand a senger neier Funktioun als Gemengeconseiller.

No 37 Joer an der Politik, dorënner 18 Joer laang Schäffe vun der Gemeng Nidderaanwen (1991-1992 & 2006-2023), sou wéi 8 Joer Buergermeeschter (1992-2000), bleift eis just nach dem Jang fir säi jorelaangt Engagement fir eis Gemeng e grousse Merci auszedrécken.