Sport
Nuit du Sport 2024
Verëffentlecht den 24 May 2024![FB Cover Save the date](/thumbs/47618360-fe2c-11ee-958a-95858fddf740-lowRes.jpg)
Déi 15. Editioun vun der Nuit du Sport steet virun der Dier an och mir sinn als Gemeng mat um Start!!
De Samschden, 8. Juni, invitéiere mir Iech op e flotten Dag, gefëllt mat Sport a Spaass! Zesumme mat de Clibb an Associatiounen aus eiser Gemeng proposéiere mir Iech e flotte Programm mat ville Sportarten, déi dir schonn ëmmer ausprobéiere wollt. Markéiert Iech d’Nuit du Sport 2024 elo grouss am Kalenner an huelt deel un eisem flotte Programm fir Grouss a Kleng.
De ganze Programm fannt Dir op eisem Flyer hei drënner, respektiv ënner: www.nuitdusport.lu
Téléchargements