Lokale Maart an eiser Gemeng
04.03.2021

21 Produzenten hunn hir Wuer zum Verkaf ugebueden an den Undrang war grouss. Déi verantwortlech Leit vun der Gemengeverwaltung, zesumme mat der lokaler Ëmweltkommissioun, haten dëst "Event" bis an de klengsten Detail virbereet: et stoungen Desinfektiouns Spender an der Entrée vum Maart an all d'Clientë kruten e stoffen Akafskuerf geschenkt. Déi verantwortlech "Agent Municipal" huet dofir gesuergt datt all Covid-19 Regelen agehale goufen.
Wéi de Maart seng Dieren um 19:00 zougemaach huet, ware Clienten a Verkeefer zefridden mam Verlaf vun dëser éischter Ausgab a jiddereen huet sech versprach erëm ze kommen e Méindeg, den 12. Abrëll 2021 wou nach weider Aussteller derbäi kommen déi kuerz virdrun annoncéiert ginn.