Actualités en continu

Soyez constamment à jour !

Zréckstellen
30.07.24_Studentenaarbechten-Urbanisme
Jobs

Studentenaarbechten 2026

De Schäfferot vun der Gemeng Nidderaanwen bitt Studentenaarbechten an der Summervakanz un. D'Demande kënne vum Méinden, 23. Februar, bis Samschden, 7. Mäerz 2026, iwwert eisen Online-Formulaire (online ab dem 23.02.26) gemaach ginn. Verëffentlecht den 2026-02-23
Agenda-ONA-Struktur
Urbanismus

Biergerversammlung iwwert de Projet vun enger ONA-Struktur

Eis Gemeng huet hiren Accord de principe ginn, fir eng temporär Structure d’hébergement fir Persounen, déi international Protectioun ufroen (DPI), mat enger maximaler Kapazitéit vun 58 Better. Dëse Projet entsprécht net nëmmen dem Wëlle vun der Gemeng Nidderaanwen, Solidaritéit fir Mënschen ze weisen, déi op der Sich no Schutz sinn, an hinnen e würdegen a mënsch-lechen Accueil ze bidden, mee dréit och dozou bäi, eng méi gerecht Verdeelung vun den DPI-Strukturen am ganze Land ze fërderen, dëst fir solidaresch mat deene Gemengen ze sinn, déi schonns eng Struktur op hirem Territoire hunn. En vue vun dësem Projet, wëlle mir Iech op eisen Informatiounsowend a Presenz vum Här Max Hahn, Minister fir Famill, Solidaritéit, Zesummeliewen an Accueil, alueden, dëst den Dënschden, 17. Mäerz 2026, um 18.30 Auer am Centre polyvalent ,,A Schommesch''. Verëffentlecht den 2026-02-22