Gemengewalen 2023

15.03.2023

Aus der Politik

Ginn et Themaen, déi Iech um Häerz leien? Wëllt Dir fir Verännerunge suergen an Ärer Stëmm gehéier verschafen? Dann drot Iech elo op d'Wielerlëschte fir d'Gemengewalen, den 11. Juni 2023, an an engagéiert Iech fir Iech selwer, fir Är Famill an d'Zesummeliewe vun de Bierger an der Gemeng Nidderaanwen. Aschreiwe kënnt Dir Iech nach bis de 17. Abrëll 2023 op der Gemeng oder iwwer MyGuichet

Scho gewosst? De Samschden 18. Mäerz ass de Populatiounsbüro vun der Gemeng vun 10h00 bis 13h00 fir den nationalen Dag vun der Aschreiwung op! Kommt laanscht, informéiert Iech iwwert d'Gemengewalen an drot Iech op d'Wielerlëschten an. Fir Gedrénks an Animatioun fir Kanner ass gesuergt!

Méi Infos iwwert den Nationalen Dag vun der Aschreiwung

Méi Infomatiounen iwwert d'Gemengewalen 2023 

Formulaire fir d'Bréifwal unzefroen (ab dem 20. Mäerz)