Gemengeliewen

Concours - Nopeschfest 2025

Verëffentlecht den 25 October 2025
nopeschfest25

Dir hutt an de leschte Méint e flott Nopeschfest organiséiert? 🎉 Da maacht mat beim Concours vun der Kommissioun fir interkulturellt Zesummeliewen! Schéckt eis eng Gruppefoto vun ärem Fest zesumme mat enger kuerzer Beschreiwung vun ären Aktivitéiten op zesummeliewen@niederanven.lu a weist eis, wéi schéin dir gefeiert hutt!