Actualités en continu

Soyez constamment à jour !

Zréckstellen
Séchere-Schoulwee (1)
Gemengeliewen

Informatiounsowend iwwert de Séchere Schoulwee

Den 9. Juli 2025, huet eng Informatiounsversammlung iwwert de Projet vum ,,Séchere Schoulwee'' fir d'Bierger vun der Gemeng Nidderaanwen stattfonnt. Fannt hei drënner d'Presentatioun vun der Infoversammlung. Verëffentlecht den 2025-07-10
Summerkiosk
Jugend

Summerkiosk

Vum 15. Juli bis den 1. August an nach eng Kéier vum 26. August bis den 13. September 2025 organiséiert d’Jugendhaus Nidderaanwen hire Summerkiosk am Skatepark „Am Sand“. Hei erwaart Iech bal all Dag eng entspaant Summeratmosphär mat flotte Spiller, kreative Workshops, leckere Snacks a Gedrénks. Et gëtt Animatioun fir Grouss a Kleng, Glacë fir jiddereen, Musek fir déi gutt Laun, Sport fir sech auszetoben, Graffiti fir déi kreativ Kënschtler – an nach Villes méi! Auerzäiten: vun dënschdes bis freides vun 13 bis 19 Auersamschdes vun 12 bis 18 Auer Kanner ënner 11 Joer musse vun engem Erwuessene begleet ginn. Verëffentlecht den 2025-07-09