Kuerz virun der Rentrée sinn eng Partie Kanner aus der Maison Relais hannert d'Kulisse vun der Gemeng luusse komm.
Hei krute si op flott Aart a Weis d'Aufgabe vum Buergermeeschter, dem Schäffen- an dem Gemengerot erkläert, ier et dunn op en Tour duerch d'Gemengegebai gaangen ass.
Mir soe Merci fir dee flotte Besuch!
Eng flott Initiativ vun de Kanner aus dem Quartier Wakelter. Ganz am Sënn vun Niedz4Kidz sinn d'Kanner op eis duerkomm, fir d'Spillplaz am Wakelter ze moderniséieren an un hir Besoinen unzepassen. Mir soe Merci fir déi super Iddien - spéitsdens nächste Summer kënnen d'Awunner aus dem Quartier vun enger neier Spillplaz mat flotte Sportsoffere profitéieren.
De Mëttwoch, 16. August 2023, hate mir e ganz besonnesche Besuch - d'Annigje Kruytbosch, d'Presidentin vum Douzelage Europe, ass nämlech laanschtkomm fir zesumme mam Schäfferot iwwert d'Zukunft vum Douzelage an eiser Gemeng, mee awer och iwwert déi nächst Projeten a Meetinge vu senge Memberstied ze schwätzen. Sou krute mir och e Certificat iwwerreecht, als ee vun deenen 12 Grënnerstied vum Douzelage, deen 1991 an d'Liewe geruff gouf.
Mir soe Merci fir dee flotten a produktive Besuch!
Méi Infos iwwert den Douzelage fannt Dir hei oder op www.douzelage.eu.
Kennt Dir de séilege Schetzel? All Joer gëtt den 2. Sonnden am August mat enger Fräiliichtmass an enger Bëschseenung d'Schetzelfeier vun der Par Iewescht Syr Saint-Esprit organiséiert, fir dem Eremit ze gedenken. Vill Leit hunn dëst Joer de Wee bei d'Schetzelhiel am Gréngewald fonnt, fir bei der Mass mat dobäi ze sinn.
De Freiden, 21. Juli 2023, huet de Schäfferot a Presenz vum Vizepremierminister a Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten, dem Här François Bausch, an dem zoustännege Schäffe fir Mobilitéit vun der Stad Lëtzebuerg, dem Här Patrick Goldschmidt, un der Presentatioun vun den nächsten Etappen am Kader vun der Weiderféierung vum Tram a Richtung Findel, notamment dem Bau vun der Bréck iwwert d'Autobunn A1, deelgeholl.
Méi Informatiounen, sou wéi de Pressecommuniqué vu Luxtram fannt Dir hei:
Point presse : Tronçon E : Luxexpo – Findel