Fotoen

Fotoexpo ,,Nidderaanwen bedeit fir mech...''

Verëffentlecht den 05.06.2025

Zanter Kuerzem hu mir eng flott Fotoexpo am Parc de l'Europe. De Projet ,,Nidderaanwen bedeit fir mech...'' ass eng Zesummenaarbecht tëscht dem Fotoclub Gemeng Nidderaanwen an der Gemeng bei deem ënnerschiddlech Persounen aus der Gemeng, déi sech op een Opruff hi gemellt haten, fotograféiert goufen. Wat Nidderaanwen fir si bedeit, kënnt Dir vun elo un am Park hannert der Gemeng noliesen!

E grousse Merci un all eis Fotografen:

  • Christiane Gergen-Jacquemin
  • Christiane Lanners-Comes
  • Fernand Lommer
  • Fernand Stein
  • Josette Stemper-Kayser
  • Julija Thinnes
  • Margaretha Inghelram-Maeyens
  • Misch Gales
  • Nilton Bormann
  • Peter Kaps
  • Rudy Adamy
  • Sylvie Weydert-Schummers