Fotoen

Konferenz - Free Press under Pressure

Verëffentlecht den 10.11.2023

Vum 6. bis den 8. November ass et fir dräi Jugendlecher an eng Responsabel vum Douzelage Niederanven op d'Konferenz ,,Free Press under Pressure'' gaangen. Organiséiert vum Douzelage Meerssen an Zesummenaarbecht mam Douzelage Köszeg, dem Douzelage Siret, der Maastricht University a Fontys Hogeschool Pedagogiek, hu sech 70 Jonker tëschent 18 an 30 Joer aus 19 verschiddenen EU-Länner zu Doenrade zesummefonnt fir e kritesche Bléck op d'Medien an der haiteger Zäit ze werfen. Mir soen den Organisateuren e grousse Merci fir d'Organisatioun vun dësem super Projet.