Fotoen
Hueschterter Kiermes 2025
Verëffentlecht den 22.05.2025Vum 16. bis den 18. Mee huet d’Kiermes um Site vun der Gemeng zu Ueweraanwen ënner dem Thema „Zauber a Magie“ vill Visiteuren ugezunn. Bei schéinem Wieder an engem ofwiesslungsräiche Programm war fir jiddereen eppes dobäi. E grousse Merci geet un all d‘Veräiner a Klibb, déi mat hirem Asaz dozou bäigedroen hunn, dass d’Kiermes e vollen Erfolleg war!