Fotoen

Receptioun mat den Entreprisë vun Nidderaanwen a Schëtter

Verëffentlecht den 21.01.2025

Den Dënschden, 14. Januar, hunn d'Schäfferéit vun de Gemengen Nidderaanwen a Schëtter, a Präsenz vun der Ministesch fir Digitaliséierung, der Madamm Stéphanie Obertin, op d'Receptioun mat den Entreprisen aus deenen zwou Gemengen agelueden. Geschäftsfraen a -männer aus deene verschiddenste Branchen hunn de Wee op Minsbech fonnt, fir sech nieft interessante Virträg, och ënnertenee kennenzeléieren an auszetauschen.