Fotoen

Seniorentreffen u Bord vun der M.S. ,,Princesse Marie-Astrid''

Verëffentlecht den 05.05.2025

De Mëttwoch, 30. Abrëll, hunn de Schäffen- a Gemengerot mat der Ekipp vun Nieds4Seniors, d'Pensionnair(inn)en zesumme mat hirem oder hirer Liewenspartner(in) op d'Seniorentreffen u Bord vun der M.S. ,,Princesse Marie-Astrid'' agelueden. Mir blécken zréck op e flotten Dag, gefëllt mat gudder Musek a super Stëmmung.