Fotoen

Galaconcert vun der Fanfare La Réunion Hueschtert

Verëffentlecht den 03.05.2024

Ënnert dem Motto ''Thank You for the Music'' huet d'Fanfare La Réunion Hueschtert an Zesummenaarbecht mat der Jugendfanfare leschte Sonnden hire Galaconcert eng leschte Kéier ënnert der Direktioun vum Claude Hoffmann gespillt, nodeems hien d'Musek bal 40 Joer dirigéiert huet. No engem schéine Concert vun der Jugendfanfare ënnert der Direktioun vum Rainier Radelet huet d’Fanfare la Réunion Hueschtert hire Concert gespillt. Zum Schluss goufen ''Time to say Goodbye'' a ''Music was my first love'' gespillt. Dem Claude Hoffmann gouf mat engem laangen Applaus gefeiert. Och mir wëllen him fir säi laangt Engagement an eiser Gemeng Merci soen.