Fotoen

Opléisung vun den Heemelsdéiercher vu Senneng

Verëffentlecht den 06.02.2024

De Méinden den Owend hu sech d'Sennenger Heemelsdéiercher bei eis op der Gemeng eng leschte Kéier zesummefonnt, fir hire Club no bal 50 Joer Bestoen opzeléisen an déi verbleiwend Suen un d'SOS Kannerduerf, den Office social Centrest an un ,,ZAK! Zesummen Aktiv'' ze spenden. Mir wënschen de Membere vun de fréieren Heemelsdéiercher nëmmen dat Bescht a soen hinne Merci fir déi jorelaang Veräinstätegkeet an eiser Gemeng.