Fotoen

Aweiung vum Kannerwee Groussebësch

Verëffentlecht den 07.05.2024

De Sonnden, 5. Mee, si mir op d'Spuere vum Maarkollef sengem Räich gaangen!

Den éischte Kannerwee an der Gemeng, bei deem d'Kanner de Bësch spilleresch kenneléiere sollen, gouf nämlech ageweit a vill Awunner.Innen hunn de Wee mat hire Kanner an de Groussebësch fonnt, fir bei dësem schéine Rendez-vous an der Natur mat dobäi ze sinn.

Méi Informatiounen iwwert de Kannerwee Groussebësch fannt Dir op eiser Säit iwwert d'Wanderweeër!