Fotoen

General Meeting zu Sherborne am Kader vum Douzelage

Verëffentlecht den 18.04.2024

Siwe Representante vun der Gemeng Nidderaanwen ware lescht Woch am Kader vum Douzelage um General Meeting zu Sherborne. Ënnert dem Thema ,,Wuelbefannen duerch Musek an Natur'' goufe Konferenzen, Workshops a Konzerten organiséiert an eis Ekipp ass mat villen neien Iddie fir eis Gemeng zréckkomm.

Wärend der Generalversammlung mat den Delegéierte vun all de Partnerstied gouf dëst Joer dann och en neie Conseil d'administration gestëmmt. Merci un d'Annigje Kruytbosch, den Tibi Rotaru, d'Mette Sørensen an dem Miha Ješe fir déi wonnerbar Aarbecht déi lescht Joer. Dem neie Conseil mam Shane Smyth, dem Thorsten Wohleser, dem Maria Črnac Rocco an dem Evelin Koev wënsche mir eng glécklech Hand an hirer neier Fonktioun.

Dem Team vu Sherborne soe mir e grousse Merci fir hir häerzlech Begréissung an déi exzellent Organisatioun!

 

© Fotoen: Gemeng Nidderaanwen & Uli Fielitz Photography