Fotoen

Receptioun mat den Entreprisë vun Nidderaanwen a Schëtter

Verëffentlecht den 27.01.2026

De Méinden, 26. Januar 2026, hunn d’Schäffen a Gemengeréit vun de Gemengen Nidderaanwen a Schëtter, a Präsenz vun der Ministesch fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten, der Madamm Yuriko Backes, op déi drëtt Editioun vun der Receptioun mat den Entreprisen aus deenen zwou Gemengen agelueden.

Am Fokus stoung d'Presentatioun vum CEO vu lux-Airport, dem Här Alexander Flassak, iwwert déi aktuell Situatioun vum Lëtzebuerger Flughafen, ier et zesumme mat deenen 130 ugemellte Vertrieder vun den Entreprisen aus Nidderaanwen a Schëtter op en Networking-Patt gaangen ass.