Fotoen

Mérite culturel 2025

Verëffentlecht den 27.01.2025

Den Donneschden, 23. Januar 2025, war bei eis an der Gemeng d'Cérémonie de remise du Mérite culturel. A Präsenz vum Premier Conseiller vum Kulturministère, dem Här Carl Adalsteinsson, hat de Schäfferot déi grouss Freed an Éier, den Häre Jean Schumacher a Claude Hoffmann de Mérite culturel als Unerkennung fir hiert jorelaangt, virbildlecht a leidenschaftlecht Engagement fir de Gesang an d'Musek an eiser Gemeng, ze iwwerreechen.