Fotoen

Aweiung vun der Cité Wakelter

Verëffentlecht den 22.04.2024

De leschten Donneschden huet de Schäfferot, zesumme mat SNHBM, op d'Aweiung vum bezuelbare Wunnbauprojet ,,Op dem Wakelter'' agelueden. A Presenz vum Minister fir Wunnengsbau a Landesplanung, dem Här Claude Meisch, eisem Gemengerot an dem Generaldirekter vun SNHBM, dem Här Guy Entringer, goufe sou wuel 25 Eefamilljenhaiser, wéi och d'Spillpaz ,,Um Wakelter'' zesumme mat den Awunner.Innen aus der Cité Wakelter feierlech ageweit.