Sonnecrèmespender: Är Meenung ass gefrot

22.08.2023

Och ëmmer gutt agecrèmt?
Fir Iech bei Ären Aktivitéiten dobaussen och beschtméiglech virum Sonneliicht protegéieren ze kënnen, plange mir ab nächstem Summer 1 Sonncrèmespender an der Gemeng ze installéieren.

Elo ass Är Meenung gefrot: wou soll dëse Spender opgestallt ginn, wéi ee Standuert mécht fir Iech am meeschte Sënn? Deelt Är Meenung mat engem Mail via communication@niederanven.lu mat eis!