Gemengeliewen

Nationalfeierdag an der Gemeng Nidderaanwen

Verëffentlecht den 15 June 2025
23.06.24_Nationalfeierdag24

Huelt un de Feierlechkeeten op Nationalfeierdag, de Méinden 23. Juni 2025 ab 10:00 Auer deel!

Programm vun de Feierlechkeeten:

  • 10:10 Auer: Blummennéierleeung beim ,,Monument aux morts'' zu Ueweraanwen a ,,Sonnerie aux morts''
  • 10:30 Auer: Te Deum zu Hueschtert an der Porkierch
  • 11:15 Auer: Am Cortège bis bei d'Gemeng zu Ueweraanwen
  • 11:45 Auer: Treffe vun de Leit bei der Gemeng, Usprooch vum Buergermeeschter Fréd Ternes,  Nationalhymn & Europahymn
  • 12:15 Auer: Gegrillsbuffet mat enger Auswiel u verschiddenen Zaloten, respektiv Penne mat rouder Zooss oder Pesto
  • 12:30-14:00 Auer: Concert-Apéro vun der ,,Moselle Valley Brass Band''
  • 17:00 Auer: Schluss vun der Feier

Spill & Spaass fir d’Kanner am Haff vun "A Schommesch" – Animatioun de ganzen Dag mat Sprangschlass, Schminken an dem "Wonder-Express" Zichelchen.

Busnavette:

  • 10:00 Auer: Gemeng - Ueweraanwen ,,Monument aux morts''
  • 10:10 Auer: Ueweraanwen ,,Monument aux morts'' - Hueschterter Kierch
  • No der Blummennéierleeung: Busnavette bei d'Gemeng an d'Kierch
  • Nom Te Deum: Busnavette bei d'Gemeng
Dokumenter fir Erofzelueden