Actualités en continu

Soyez constamment à jour !

Zréckstellen
23.07.24_Renconter-Jonk-Buergermeeschteren-16
Politik

Rencontre tëschent jonke Buergermeeschteschen a Buergermeeschteren

Den Dënschden, 23. Juli 2024, huet bei eis op der Gemeng déi éischt Rencontre tëschent jonke Buergermeeschteschen a Buergermeeschtere stattfonnt. E wäertvollen Erfarungsaustausch, wärend deem iwwer ganz vill verschidde Sujete geschwat gouf. Am Nomëtte gouf dunn nach en Tour duerch d'Gemengenhaus an ,,A Schommesch'' gemaach, ier et op eng kleng Visitt iwwert de Komplex ,,Am Sand'', mat enger Besichtegung vun den techneschen Installatioune vun der Syrdall Schwemm, gaangen ass. Verëffentlecht den 2024-07-25
ôpen-equisolidaire
Ëmwelt

Equisolidaire - Verkaf vu Produite vun de Jardins du Loup

Equisolidaire asbl invitéiert Iech hiert Geméis kafen ze kommen, dat ouni chemesch Zousätz an hire Gäert zu Ouljen a Jonglënster ugebaut gëtt.  Rendez-vous op der Terrasse vun Ôpen all Freideg vu 15h00 bis 19h00! Equisolidaire asbl huet eng Konventioun mat de Gemenge Jonglënster, Betzder an Nidderaanwen, sou wéi mam ONIS, an hëlleft REVIS-Empfänger.Innen eng Aarbecht ze fannen. D'Ôpen-maison-citoyenne freet sech, Iech bei dësem klenge Maart kennenzeleieren! www.equisolidaire.lu www.openlenster.lu Verëffentlecht den 2024-07-23