Douzelage

Gaaschtfamillje gesicht

Verëffentlecht den 22 May 2025
Opruff-Gaaschtfamilljen

Am Kader vum Douzelage komme vum 7. bis 9. Juni 2025 jonk an erwuesse Musikerinnen a Musiker op Nidderaanwen, fir den 8. Juni zesummen e flotte Concert mat der Jugendfanfare ze spillen, déi selwer vum 8. bis 10. Mee 2025 op Granville ginn.

An dësem Sënn si mir zesumme mam Douzelage Team op der Sich no Gaaschtfamilljen, déi wärend dëser Zäit zwee oder méi Musiker ophuele kéinten.

Méi Informatioune fannt Dir hei drënner am Dokument!

Wann Dir als Famill d'Museker.Innen net bei d'Aktivitéite féiere kënnt, kënnt Dir eis gäre Bescheed soen.