Visite Guidée mat de Kanner aus der Maison Relais
14.09.2023
Deng Gemeng entdecken
Kuerz virun der Rentrée sinn de Méinden de Moien eng Partie Kanner aus der Maison Relais hannert d'Kulisse vun der Gemeng luusse komm.
Hei krute si op flott Aart a Weis d'Aufgabe vum Buergermeeschter, dem Schäffen- an dem Gemengerot erkläert, ier et dunn op en Tour duerch d'Gemengegebai gaangen ass.
Mir soe Merci fir dee flotte Besuch!