Actualités en continu
Soyez constamment à jour !
Zréckstellen

Gemengeliewen
Route barrée zu Ueweraanwen
Mir wëllen drop hinweisen, dass d’Rue d’Ernster zu Ueweraanwen vum 19. Mee 2025, 07:00 Auer, bis de 14. Juni 2025, 17:00 Auer, wéinst Stroossenaarbechten fir den Trafic gespaart ass. Wéinst der Route barrée fueren d’Buslinn 321, de Citybus Nidderaanwen, sou wéi och de Lycée- an de Schoulbus d'Arrêten an der Rue d’Ernster zu Ueweraanwen, respektiv An der Rëtsch zu Rammeldang net un. D’Lycée-Schüler ginn opgefuerdert den Arrêt ,,Oberanven Fielsenhaus’’ ze benotze fir d’RGTR-Linnen C12, D02, E04 an H04 ze erreechen. D’Primärschoulkanner ginn encouragéiert, de Pedibus-Service ze notzen, dee speziell dofir opgestallt gëtt. D’Aschreiwung fir de Pedibus kann iwwert de Formulaire um Internetsite vun der Gemeng gemaach ginn. D’Buslinn 321 wäert säin Terminus beim Arrêt ,,Oberanven Fielsenhaus’’ hunn. D’Accèse bei d‘Haiser, déi direkt virum Chantier leien (n° 1-5 rue d'Ernster), si wärend den Aarbechtszäiten net mam Auto accessibel. D’Awunner, déi bei d’Gemeng kommen, si gebieden déi gekenntzechent Deviatioun ze huelen. Merci fir Äert Versteesdemech. Verëffentlecht den 2025-05-16
Konscht & Kultur