Actualités en continu

Soyez constamment à jour !

Zréckstellen
BoxUp
Sport

Éischt solarbedriwwe BoxUp-Statioun zu Lëtzebuerg

Dir wëllt vun der Sportinfrastruktur am Parc de loisirs profitéieren, hutt awer net dat néidegt Sportmaterial bei Hand? Kee Problem! Säit dem 6. Juni steet nämlech bei eis an der Gemeng Nidderaanwen déi 1. solarbedriwwe BoxUp-Statioun zu Lëtzebuerg! Do kënnt dir eraussichen, wat dir braucht, ob Boulë fir Petanque ze spillen oder Schläger a Bäll fir vum Dëschtennis-Dësch ze profitéieren. Oder wëllt dir léiwer Basketball resp. (Beach-)Volleyball spillen, och dat geet. Genau esou, wéi sech bei enger Partie Cornhole ameséieren. Wat dir musst maachen? Just déi gratis BoxUp-App eroflueden (eng Carte d’Identité net vergiessen), seng Aktivitéit wielen an déi Dier opmaachen a schonn däerft dir Spaass vum Sport an der Beweegung hunn! Mir bieden iech awer och, wgl. respektvoll mam Material ëmzegoen. Lued Iech hei d'BoxUp-App erof: https://boxup.app/download/ Verëffentlecht den 2025-06-10
Capture d'écran 2025-02-05 155539
Konscht & Kultur

Wee bass du? Een Audio-Foto Projet vum Jessica Theis

Mir presentéieren dem Jessica Theis säin Audio-Fotoprojet. "Wee bass du ?" gëtt de Leit mat Handicap eng Stemm. Oft ginn dës Leit mat Virurteeler konfrontéiert an deem setzt dësen authentesche Projet eppes entgéint. 25 ënnerschiddlech Leit si fotograféiert ginn an e Gespréich ass mat opgeholl ginn. "Wee bass du ?" war ëmmer déi éischt Fro déi gestallt ginn ass. Uschléissend un d’Presentatioun gëtt eng Table ronde ëm Thema Inklusioun organiséiert.Programm: • 18h00 Start a Mot d’Intro • 18h10 Filmprojektioun (35 Minutten) • 18h45 Table ronde zum Thema Inklusioun (+/- 30 Minutten) • Ofschloss mat Éierewäin an Häppercher Simultan Iwwersetzung op Franséisch an Englesch. Verëffentlecht den 2025-06-10