Actualités en continu

Soyez constamment à jour !

Zréckstellen
Foto-Chantier
Gemengeliewen

Route barrée zu Ueweraanwen

Mir wëllen drop hinweisen, dass d’Rue d’Ernster zu Ueweraanwen vum 19. Mee 2025, 07:00 Auer, bis de 14. Juni 2025, 17:00 Auer, wéinst Stroossenaarbechten fir den Trafic gespaart ass. Wéinst der Route barrée fueren d’Buslinn 321, de Citybus Nidderaanwen, sou wéi och de Lycée- an de Schoulbus d'Arrêten an der Rue d’Ernster zu Ueweraanwen, respektiv An der Rëtsch zu Rammeldang net un. D’Lycée-Schüler ginn opgefuerdert den Arrêt ,,Oberanven Fielsenhaus’’ ze benotze fir d’RGTR-Linnen C12, D02, E04 an H04 ze erreechen. D’Primärschoulkanner ginn encouragéiert, de Pedibus-Service ze notzen, dee speziell dofir opgestallt gëtt. D’Aschreiwung fir de Pedibus kann iwwert de Formulaire um Internetsite vun der Gemeng gemaach ginn. D’Buslinn 321 wäert säin Terminus beim Arrêt ,,Oberanven Fielsenhaus’’ hunn. D’Accèse bei d‘Haiser, déi direkt virum Chantier leien (n° 1-5 rue d'Ernster), si wärend den Aarbechtszäiten net mam Auto accessibel. D’Awunner, déi bei d’Gemeng kommen, si gebieden déi gekenntzechent Deviatioun ze huelen. Merci fir Äert Versteesdemech. Verëffentlecht den 2025-05-16
Hueschterter-Kiermes25
Konscht & Kultur

Hueschterter Kiermes

D'Hueschterter Kiermes fënnt vum 16. bis 18. Mee statt! Sidd mat dobäi fir e Weekend gefëllt mat Spill, Spaass a gudder Stëmmung fir Kleng a Grouss! Programm: Freiden, 16. Mee (17.00 bis 22.00 Auer) 17.00 Auer: Offiziell Erëffnung vun der Hueschterter Kiermes17.30 Auer: Vernissage vun der Ausstellung ,,Nidderaanwen bedeit fir mech...'' am Parc de l'Europe19.00 Auer: Concert vun der Band IMAGENCY aus der Douzelage Partnerstad Judenburg (AT) Samschden, 17. Mee (12.00 bis 01.00 Auer) -  Familljendag mat reduzéierte Präisser op de Spiller 15.00 Auer: Filmnomëtteg am Centre polyvalent ,,A Schommesch'' organiséiert vun Niedz4Kidz mam Film ,, Das magische Haus"18.30 Auer: DJ Double J21.00 Auer: Public viewing vum Eurovision Song Contest Sonnden, 18. Mee (12.00 bis 20.00 Auer) 12.00 Auer: Concert vum ,,De Spillmann''14.30 Auer: Konferenz mat der Mme Véronique Faber vun C2DH (Uni Lëtzebuerg): ,,De groussen Alex Weyer: E Lëtzebuerger Zauberkënschtler''15.30 Auer: Zaubershow vum Magica Club Lëtzebuerg mat 4 Zauberer: LUKE, Magic William, Egide (Satai) an Animatrix Verëffentlecht den 2025-05-16