Sammelstell A Schommesch
30.05.2023

D'Besoine vun de Flüchtlinge sinn den Ament ganz grouss, dowéinst kënnt Dir Är Spenden nach all Donneschde vu 15h00 bis 18h00 an d'Sammelstell A Schommesch bréngen, oder bei d'Elise vun der ,,Sozialhëllef Iewescht Syr'' (Tel./Whatsapp +352 691 802 414).
D'Flüchtlinge selwer kënnen all Donneschde vu 17h00 bis 18h00 A Schommesch hir Saache sichekommen, oder no Rendez-vous beim Elise.
Hapsächlech gebraucht ginn nach:
- Kleeder & Schong fir d'Fréijoer an de Summer
- Hygiènesartikelen & Pampers
- Koffer, Poschen a Rucksäck
- Spillsaachen
- Präbbelien
- Kichegeschier
Fir méi Informatiounen: integration@niederanven.lu
Villmools Merci fir all Hëllef!