Sammelstell A Schommesch
16.01.2023

D’Besoine vun de Flüchtlinge sinn den Ament ganz grouss, dowéinst kënnt Dir Är Spenden all Donneschde vu 15h00 bis 18h00 an d’Sammelstell A Schommesch bréngen, oder bei d’Elise vun der “Sozialhëllef Iewescht Syr” (Tel./Whatsapp +352 691 802 414).
D’Flüchtlinge selwer kënnen all Donneschde vu 17h00 bis 18h00 A Schommesch Saache siche kommen, oder no Rendez-vous bei d’Elise.
Et ginn nach haaptsächlech gebraucht:
- Decken
- Waarm Kleeder, Jacketten a Schong fir de Wanter
- Hygiènesartikelen
- Koffer, Poschen a Rucksäck
- Spillsaachen
- Prabbelien
- Bizen
Fir Info: integration@niederanven.lu
Villmools Merci fir all Hëllef!