Actualités en continu

Soyez constamment à jour !

Zréckstellen
20250513_Tiny-House-7
Urbanismus

Start vum 3D-Print vum Tiny House

No enger gudder Woch Preparatiounen an e puer Testuleef, ass et haut, 13. Mee 2025, mam 3D-Print vum Tiny House zu Rammeldang lassgaangen. Niewent den Architekten a Baufirmaen, déi um Projet bedeelegt sinn, huet sech och de Schäfferot e Bild vum Chantier gemaach a konnt der Press Riet an Äntwert stoen. Nach dës Woch soll d'Tiny House fäerdeg geprint sinn, duerno geet et da mam Finissage lass. Verëffentlecht den 2025-05-13
Header-News-Jax
Jobs

Neie Mataarbechter

Zanter dem 1. Mee mir en neie Mataarbechter an eisem Gäertnerdéngscht. Mir heeschen den Alexander Jax bei eis häerzlech wëllkomm! Verëffentlecht den 2025-05-06