Reouverture vun der Spillplaz Gromscheed 2
19.05.2023
Liewen an der Gemeng
D'Waarden huet geschwënn en Enn! D'Spillplaz Gromscheed um Sennengerbierg ass nämlech esou gutt ewéi fäerdeg - eenzeg an eleng d'Gras muss nach e bësse wuessen, fir dass d'Kanner an Zukunft hei op enger schéiner grénger Wiss spille kënnen.
Stéchdatum fir d'Reouverture vun der Spillplaz ass den 22. Mee 2023!