Presentatioun vun de Kommissiounen, BiergerTeams a Gremien

24.11.2023

De Méinden, 20. November 2023, goufen am Centre polyvalent ,,A Schommesch'' déi beroodend Kommissiounen, d'BiergerTeams an d'Gremie virgestallt. D'Memberen an d'Sekretäre goufen invitéiert, fir sech bei enger Presentatioun an engem Patt ënnertenee kennenzeléieren.

Op eng flott Zäit a vill schéi Projete vun a mat de Biergerinnen a Bierger aus der Gemeng Nidderaanwen!

Méi Fotoe fannt Dir an eiser Galerie:
Presentatioun vun de Kommissiounen, BiergerTeams & Gremien