Actualités en continu
Soyez constamment à jour !
Zréckstellen

Sport
Éischt solarbedriwwe BoxUp-Statioun zu Lëtzebuerg
Dir wëllt vun der Sportinfrastruktur am Parc de loisirs profitéieren, hutt awer net dat néidegt Sportmaterial bei Hand? Kee Problem! Säit dem 6. Juni steet nämlech bei eis an der Gemeng Nidderaanwen déi 1. solarbedriwwe BoxUp-Statioun zu Lëtzebuerg! Do kënnt dir eraussichen, wat dir braucht, ob Boulë fir Petanque ze spillen oder Schläger a Bäll fir vum Dëschtennis-Dësch ze profitéieren. Oder wëllt dir léiwer Basketball resp. (Beach-)Volleyball spillen, och dat geet. Genau esou, wéi sech bei enger Partie Cornhole ameséieren. Wat dir musst maachen? Just déi gratis BoxUp-App eroflueden (eng Carte d’Identité net vergiessen), seng Aktivitéit wielen an déi Dier opmaachen a schonn däerft dir Spaass vum Sport an der Beweegung hunn! Mir bieden iech awer och, wgl. respektvoll mam Material ëmzegoen. Lued Iech hei d'BoxUp-App erof: https://boxup.app/download/ Verëffentlecht den 2025-06-10
Konscht & Kultur