Planzaktioun fir déi Neigebueren

22.11.2023

Emwelt

Am Kader vum Nationalen Dag vum Bam, huet de Schäfferot, zesumme mam Gäertnerdéngscht, dem SIAS an der Natur- a Forstverwaltung de Samschden, 18. November, op d'Planzaktioun fir déi Neigebueren 2022 invitéiert. Wärend der Aktioun goufe verschidden Héichstämm a Sträich geplanzt. Fir all Kand war e Strauch fir ze setze virgesinn an no der Planzaktioun huet d'Gemengeverwaltung op e Barbecue agelueden.

Méi Fotoe fannt Dir an eiser Galerie: 
Planzaktioun fir déi Neigebueren