Opruff!

22.02.2023

Liewen an der Gemeng

 

All éischte Méinden am Mount fënnt den Nidderaanwener Maart statt. E flotte Rendez-vous fir d'Leit aus der Gemeng an Ëmgéigend, mee och fir d'HändlerInnen, déi hir Produiten hei verkafe kënnen. Ëmmer erëm si mir op der Sich no neie Commerçanten, fir eise Maart nach méi villfälteg ze gestallten. Dir sidd HändlerIn a wëllt bei eis op de Maart kommen? Da kontaktéiert eis elo - ob Iesswueren, Utensilien oder Dekoartikelen, mir freeën eis op Är Presenz um Nidderaanwener Maart!

>> maart@niederanven.lu
 

Méi Infos iwwert de Maart!