Actualités en continu

Soyez constamment à jour !

Zréckstellen
Capture d'écran 2025-02-05 155539
Konscht & Kultur

Wee bass du? Een Audio-Foto Projet vum Jessica Theis

Mir presentéieren dem Jessica Theis säin Audio-Fotoprojet. "Wee bass du ?" gëtt de Leit mat Handicap eng Stemm. Oft ginn dës Leit mat Virurteeler konfrontéiert an deem setzt dësen authentesche Projet eppes entgéint. 25 ënnerschiddlech Leit si fotograféiert ginn an e Gespréich ass mat opgeholl ginn. "Wee bass du ?" war ëmmer déi éischt Fro déi gestallt ginn ass. Uschléissend un d’Presentatioun gëtt eng Table ronde ëm Thema Inklusioun organiséiert.Simultan Iwwersetzung op Franséisch an Englesch. Verëffentlecht den 2025-05-23
Opruff-Gaaschtfamilljen
Douzelage

Gaaschtfamillje gesicht

Am Kader vum Douzelage komme vum 7. bis 9. Juni 2025 jonk an erwuesse Musikerinnen a Musiker op Nidderaanwen, fir den 8. Juni zesummen e flotte Concert mat der Jugendfanfare ze spillen, déi selwer vum 8. bis 10. Mee 2025 op Granville ginn. An dësem Sënn si mir zesumme mam Douzelage Team op der Sich no Gaaschtfamilljen, déi wärend dëser Zäit zwee oder méi Musiker ophuele kéinten. Méi Informatioune fannt Dir hei drënner am Dokument!Wann Dir als Famill d'Museker.Innen net bei d'Aktivitéite féiere kënnt, kënnt Dir eis gäre Bescheed soen. Verëffentlecht den 2025-05-22