Actualités en continu

Soyez constamment à jour !

Zréckstellen
Unis par la musique - Douzelage
Douzelage

« Unis par la musique » – Musikalesch Renconter tëscht de Museksschüler vu Granville a Nidderaanwen

Am Kader vum Douzelage Austausch tëscht de Musekschoulen vu Granville an Nidderaanwen invitéiere mir Iech häerzlech op den Ofschlossconcert „Unis par la musique“ mat der Participatioun vun de Schüler vun der « École intercommunale de musique Granville Terre et Mer » an der Jugendfanfare vun der Nidderaanwener Museksschoul, dëst de Sonnden 8. Juni um 19 Auer am Centre de Loisirs ,,Am Sand''. Verëffentlecht den 2025-05-30
Agenda-Maart (2)
Gemengeliewen

Maart zu Nidderaanwen

Maacht et ewéi fréier a kommt op de Maart! Entdeckt eise Maart all éischte Méinden am Mount, vu 15 bis 19 Auer um Parking tëschent der Raiffeisen Bank an dem Jugendhaus Nidderaanwen. Hei d'Händler.Innen, déi de 2. Juni present wäerte sinn: Beim BurgBoulangerie Pâtisserie KremerD'Humeur VégétaleEveil Santé & BergshaffEquisolidaireFleurs d'AmourFromagerie NaceGeramo Giovanni - jus de pommes et noixHaffprodukterMaison des Jeunes NiederanvenParvaneh + SöhnePilz- a Geméismann Josy CréloSpeedoux GourmandSpringrolls Tea ConsoliWoolinspires Verëffentlecht den 2025-05-28