Kennt Dir schonn den Nidderaanwener Maart?

30.01.2023

Liewen an der Gemeng


Kennt Dir schonn eise Maart? Dëst Joer starte mir an déi 3. Saison vum Nidderaanwener Maart, deen an der Reegel all éischte Méinden am Mount zu Sennéng/Nidderaanwen op der Tréiererstrooss um Parking tëschent der Bank Raiffeisen an dem Jugendhaus stattfënnt. All Mount op en Neits fannt Dir hei eng flott Auswiel u Stänn mat lokalen a regionale Produiten, sief dat Iessen, Gedrénks oder och Deko- an Haushaltsartikelen.
 

Déi nächst Editioun ass de Méinden, 6. Februar, vu 15h00 bis 19h00.
Kommt bis laanscht an ënnerstëtzt och Dir de lokale Commerce - mir freeën eis op Iech!