Éischt-Hëllef-Coursen
31.08.2023
Liewen an der Gemeng
Kéint Dir bei engem Noutfall Éischt Hëllef leeschten? Wann net, dann ass et elo Zäit fir et ze léieren!
De CGDIS an d'Rout Kräiz organiséiere fir d'Joren 2023 an 2024 Éischt-Hëllef-Coursen an de Gemengen Nidderaanwen a Schëtter.
D'Course begräifen 8 Duebelstonnen a ginn ofgehalen:
- op Lëtzebuergesch, donneschdes, ab dem 21. September 2023 um 19.00 Auer
-
op Franséisch, donneschdes ab dem 1. Februar 2024 um 19.00 Auer
- am Centre de Formation ,,Am Bongert'' zu Senneng (128, route de Trèves)
an
- op Franséisch, donneschdes, ab dem 23. November 2023 um 19.00 Auer
-
op Lëtzebuergesch, donneschdes ab dem 18. Abrëll 2024 um 19.00 Auer
- an der Galerie - Campus an der Dällt (185, rue Principale zu Mënsbech)
D'Interessente si gebieden, sech online beim CGDIS anzeschreiwen.