Éischt-Hëllef-Cours fir psychesch Gesondheet
07.09.2023

Wosst Dir, dass zu Lëtzebuerg all Joer eng vu véier Persounen un enger psychescher Krankheet erkrankt?
Huelt Deel um Éischt-Hëllef-Cours fir psychesch Gesondheet:
den 12. an 13. Oktober 2023 vun 9h00 bis 16h00
am Centre polyvalent ,,A Schommesch'' zu Ueweraanwen
(1 Stonn Mëttespaus = d'Mëttegiesse gëtt vun der Gemeng Nidderaanwen op beiden Deeg offréiert)
Formateur: Sacha BACHIM, Psycholog (CNAPA)
Sprooch: Lëtzebuergesch
De Cours ass op 20 Persoune begrenzt. D'Awunner vun der Gemeng Nidderaanwen hu Virrecht.
Umeldung bis spéitsdens den 2. Oktober 2023 bei
DARIO Roberta
Tel.: 34 11 34 - 35
E-mail: roberta.dario@niederanven.lu
__________
Zilgrupp
Gëeegent fir Erwuessener am berufflechen oder privaten Alldag fir d'Ënnerstëtzung vun aneren Erwuessener
Kontext
Éischt-Hëllef fir psychesch Gesondheet ass den Equivalent vun der kierperlecher Éischt-Hëllef, bei där déi schnell Versuergung vu verwonnten oder kranke Persounen am Vierdergrond stinn.
Dauer
12 Stonnen, opgedeelt op 2 Deeg (2 Deeg - 6 Stonne pro Dag)
Zil
D'Participante léieren:
- Unzeeche psychescher Problemer bei Erwuessenen ze erkennen
- op betraffe Persounen duerzegoen an ouni Virurteeler ze kommunizéieren
- enger Persoun Éischt Hëllef unzebidden, déi mat psychesche Problemer ze kämpfen huet oder sech an enger psychescher Kris befënnt
- der Persoun déi richteg Behandlungen an aner Hëllefsofferen ze vermëttelen
Contenu
Den Éischt-Hëllef-Cours fir psychesch Gesondheet vermëttelt Grondwëssen iwwer psychesch Stéierungen a Krise bei Erwuessener. D'Participante léieren, Problemer mat Zäiten ze erkennen, unzeschwätzen, souwéi de Betraffene professionell Hëllef ze proposéieren
-
Behandelt psychesch Stéierungen:
- Depressioun
- Angschtstéierungen
- Psychos
- Substanzkonsumstéierung
-
Ugesprache Krisesituatiounen:
- Suizidgedanken a suizidaalt Verhalen
- Panikattacken
- traumatescht Ereegnis
- schwéier psychotesch Episod
- schwéier Folge vun Alkoholkonsum an anere Substanzen
- aggressiivt Verhalen
Methoden
De Cours kombinéiert theoretesch Inputs, reflexiv Aktivitéiten, didaktesch Videoen, Fallbeispiller a praxisorientéiert Übungen.
Kompetenzen nom Cours
- Grondkentnesser iwwer d'Heefegkeet an d'Folge psychescher Erkrankunge besëtzen
- Unzeechen a Symptomer vun den heefegste psychesche Stéierungen am Erwuessenenalter erkennen
- en Iwwerbléck iwwert déi verschidde Behandlungsméiglechkeeten hunn
- ROGER: Éischt Hëllef a 5 Schrëtter uwende kënnen
- Éischt-Hëllef-Moossnamen a Krisesituatiounen uwende kënnen
De Cours ass op 20 Participante begrenzt. Wann eng Persoun am 1. Module net deelhuele kann, ass si net méi berechtegt, un den anere Module vum Cours deelzehuelen. Dës Persoun muss sech an en anere Cours aschreiwen.