Informatiounssessioun iwwert intergenerationellt Zesummeliewen

01.12.2023

Zesumme mat WeConnect invitéiere mir Iech häerzlech op d'Informatiounssessioun e Méindeg, de 4. Dezember 2023 zu Ueweraanwen ,,A Schommesch''.

WeConnect proposéiert intergenerationellt Zesummeliewen zu Lëtzebuerg. Si stellen net nëmme mënschlech Relatiounen hir, mee erméiglechen et och eng eenzegaarteg Experienz. WeConnect leet Wäert op:

  •  Vertrauen a Sécherheet
  •  Solidaritéit an Deelen
  •  En nohaltege Liewensstil

Méi Informatioune fannt Dir op www.weconnect.lu oder via info@weconnect.lu.